top of page

Clubmaterial

Iwwer d'Joren huet de Club verschiddent Ekipement ugeschaaft, dat Memberen op Ufro gratis benotze kënnen. Anert Ekipement, wéi eisen Airbag, ka fir en Event gelount ginn.

​

Airbag

Mir pushe konstant Grenzen am a fir de Sport vum Mountainbiken! Dowéinst hu mir den éischten Airbag am Land ugeschaaft a maachen en zougänglech fir de Sport an déi neisten Tricks sécher ze léieren.

​

Fir de Sport iwwer eise Club eraus ze promoten, kann eisen Airbag gelount ginn!

IMG_6681.HEIC
448814042_928095442402681_2854598439365967449_n.jpg

Vëlosluuchten

Well d'Deeg ëmmer ze kuerz sinn, fir genuch ze fueren, hu mir geduecht, mir géife zwou 6500 Lumen Kappluuchte kafen, fir d'Nuechtsfueren eng richteg Méiglechkeet fir eis Memberen ze maachen.

 

Wëllt dir d'donkel Stonnen erhellen?

Vëlosremorque

Eng Vëlostour mécht am meeschte mat Kolleege Spaass! Fir an de Bikepark ze fueren, op den Trail ze kommen oder fir ze shuttlen bidde mir eise Memberen d’Méiglechkeet, eis Vëlosremorque fir bis zu 6 Vëloen ze lounen.

​

Schluss mat eleng fuere goen! 

Downhill & MTB Club Reckange/Mess

Merci fir d'Oofschecken. Mir mellen eis!

  • Facebook
  • Instagram
  • X
bottom of page